Aktuelles zur Asiatescher Runn

Parlementaresch Ufro vum Députéierten André Bauler

Parlementaresch Ufro vum Députéierten André Bauler als PDF eroflueden

Question élargie n°73 de M. André Bauler au sujet de la propagation du frelon asiatique au Luxembourg 01:11:44

Här President, 

Léif alleguer,

Mir si mëttlerweil gewinnt, datt reegelméisseg nei Gefore fir eis Biodiversitéit opdauchen, dat ënnert der Form vu invasiven Espècen, denke mer nëmmen un d’Nilgänsen, d’Nutria (=Rat), de Wäschbier oder un d’asisatesch Tigerméck, den amerikanesche Flosskriibs oder de Signalkriibs. An Zukunft wäerte mer och méi a méi vun der asiatescher Runn, der sougenannter Vespa velutina, héieren. Et ass wichteg, tëscht deenen zwee Typen vu Runnen, also « Hornissen » op Däitsch, ze ënnerscheeden: eis europäesch Runn huet d’Gréisst vun enger grousser Harespel an huet rout Markéierungen. Déi asiatesch Runn ass schwaarz a si ass ganz aggressiv.

Eng éischte Kéier ass dës Runn, déi bis zu 50 Beien den Dag dout maache kann, uganks den 2000er Joren am Süde vu Frankräich opgedaucht. Mëttlerweil huet si och hire Wee op Lëtzebuerg fonnt. Hei am Land hält sech de Schued bis elo nach einegermoossen a Grenzen, mee et gi Plazen an Europa, déi schonn extrem ënnert dëser invasiver Aart leiden. A Galizien hu vill Wënzer  immens héich Abousse bei hiren Drauwen, wat dozou gefouert huet, datt d’Wënzer eng ganz kleng oder guer keng Recolte haten. An der selwechter spuenescher Regioun huet d’asiatesch Runn och scho leider déi éischt Doudesaffer gefuerdert. 

A genau hei läit de Problem. D’asiatesch Runn baut hir Näschter net nëmmen an der Natur, mee och am urbane Raum. E rezent Beispill ass d’Nascht, dat vum Tuerm vun der Abtei Neimënster erofgeholl huet misse ginn. Ëmsou méi problematesch ass et, wann en Nascht am urbane Raum méi no un de Leit ass ; ech denken hei u Spillplazen, u Restauranten oder u Parken innerhalb vun eisen Dierfer a Stied. Wa Kanner an engem Park mam Ball spillen an dobäi en Nascht géife geroden, kéint dat duerchaus uerg Konsequenzen hunn; oder wann e Gemengenaarbechter eng Heck schneide wëll an dobäi grad op en Nascht geréit, dat en net konnt gesinn.

Hei mussen also elo déi néideg Virkéierunge getraff ginn, fir esou Situatiounen ze vermeiden. Dat gëllt och fir eis Beienziichter, deenen hir Vëlker en einfacht Zil fir d’asiatesch Horniss duerstellen. Wéinst der Gréisst an och der Aggressivitéit vun dëser invasiver Aart schwiewen dës Insekten, déi iwwregens eng wichteg Roll an eisem Ekosystem spillen, a stänneger Gefor. Wa mer eis d’Estimatiounen ukucken, da besteet d’Warscheinlechkeet, datt een deemnächst mat 10 bis 15 Näschter pro Quadratkilometer rechne muss. An dofir ass et kloer, datt mer elo handele mussen, fir d’Situatioun am Grëff ze behalen. Verschidde Länner, déi elo scho vun dëser invasiver Aart immens geplot ginn, agéieren op verschidde Manéieren dogéint.

Dofir wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, an awer och der Madame Santésministesch eng Rei Froe stellen.

-  Sinn de CGDIS, eis Dokteren an d’Klinicken op esou Fäll genügend virbereet well d’Symptomer anescht si wéi bei einheimesche Beien- oder Runnestéch?

-  Wei schätzt den Här Ëmweltminister d’Geforelag an de nächste Jore mam Bléck op d’Ausbreedung vun der asiatescher Runn an?

-  Op eng Fro zu dësem Sujet vum honorabelem Här Michel Wolter virun e puer Méint hutt dir, Här Minister, geäntwert, datt den Aktiounsplang vun 2021 mat de betraffene Verwaltungen an Acteuren iwwerschafft gëtt. Dofir wollt ech vun iIch wëssen, wou dëse Plang drun ass, an ob scho konkret Moossname geplangt sinn.

- Wat d’Fuerschung no engem Lackstoff a Falen ugeet, gouf et glécklecherweis an de leschte Wochen nei Developpementer. Sou ass a Frankräich eng Fal entwéckelt ginn, déi spezifesch d’asiatesch Runn offänkt. Déi europäesch Runn an och aner Insekte kënne bei dëser Fal ouni Probleemer erausfléien, sou datt mer hei elo eng selektiv Fal hunn, déi nëmmen déi asiatesch Runn afänkt. Wäert den Här Minister d’Gemengen diesgezüglech informéieren, sensibiliséieren a genannte Falen promouvéieren ? 

- Wier et net sënnvoll fir eis Asazkräften mat Equipementer auszerüsten, wou mat Hëllef vu Kältemëttel geschafft gëtt, wéi zum Beispill flëssegem Kuelendioxyd oder Stéckstoff? 

Ech soen iech merci fir d‘Nolauschteren.

 

Zeitungsartikel (uklicke fir méi grouss ze maachen)

Presseartikelen 01

 

Presseartikelen 02

 

Presseartikelen 03