Bericht Generalversammlung 2023

Réiden: Den 10. Mäerz 2023 hu mir zu Biekerech an der Millen eis Generalversammlung ofgehalen.

Eise President, de Michel Collette konnt ronn 20 Beieleit a Beiefrënn begréissen.

Besonnesch huet et hie gefreet déi nei gebake Presidentin vun der FUAL, d’Madamm Alexandra Arendt kënnen ze begréissen, déi et gepackt hat trotz stiermeschem Wieder bis an de Wëlle Westen ze kommen.

Hien huet alle Memberen am Comité Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht am vergaangene Joer.

Ervirgehuewe sief den Daniel Schuster, deen sech ëm d’Verdeelung vun de Beieplanzen wéi och vun de Varroamëttel gekëmmert huet.

Speziell huet de Michel och de Riedner vun eisem Owend begréisst, de Jean-Jacques Mertzig, deen äis a muncher Hisiicht sollt iwwerraschen.

Aktuell Theme sinn, wou duerf ech meng Beien dobaussen an der Natur opstellen, wat huet et mam Bestëbserplang op sech?

Eng Virleeschtung missten d’Beieleit opbréngen, datt si keng Plastikkëschten dobaussen an der Natur opstellen.

Plastik ass a ville Beräicher ëmmer méi verpöönt an do géif et de Beieleit gutt zu Gesiicht stoe fir do matzemaachen.

Eise Keessjee, de Paul CLAUDE, konnt e positive Bilan presentéieren.

Dat ass zu engem gudden Deel op d’Ënnerstëtzung vun de Gemengen aus dem Kanton Réiden zréckzeféieren, deene mir ganz dankbar sinn.

Lästeg sinn déi héich Bankkäschte vun 82 €.

De Keesereviseur Nicolas Schweicher huet a sengem an am Nico Schott sengem Numm déi korrekt Féierung vun de Bicher ënnerstrach an huet d’Versammlung gebieden dem Keesjee Entlaaschtung ze ginn.

Bei de Wale gouf et keng gréisser Ännerung, wat bei de ville groe Käpp am Comité net berouegend ass.

De Jeff Hoffmann huet sech awer bereet erkläert fir matzeschaffen.

De Comité setzt sech esou zesummen:

Michel Collette, President
Steffan Van der Pal, Vizepresident
Francis Filbig, Sekretär
Paul Claude, Keessjee
d’Membere Jeff Hoffmann, Daniel Schuster a René Toussaint

Am Opsiichtsrot sinn Nicolas Schweicher als President an d’Memberen Nico Schott a Jos Welscher.

De Veräin zielt momentan 50 Memberen an eng Dosen Éierememberen.

2022 war de Comité zweemol zesummen.

Den 22.04.2022 war eist Iessen zu Sëll an der Maison Rouge.

Eis Generalversammlung hu mir de 15. Mee zu Biekerech an der Millen ofgehalen.

Den 09.07.2022 war eise Beiennomëtten zu Wolwe beim Paul Claude.

Merci fir d’Organisatioun, d‘Gedrénks , d’Hausmaacher Taart, …

Den Daniel Schuster hat scho jonk Kinniginne matbruecht an all Member, deen do war, krut esou eng vum Veräin geschenkt.

Dëst Joer gi mir den 03.06.2023 op Mamer bei de Jean-Jacques Mertzig.

Den 29.07.2022 hu mir äis getraff zu Huelmes um Beiestand.

De Michel Collette huet äis e Vollek an engem Swisstree-Bam gewisen a mir kruten demonstréiert wéi en Oxalsaier-Verdonster funktionéiert.

Duerno war e gemittlecht Zesummesinn an der Pizzeria Il Trio ugesot.

D’Madamm Alexandra Arendt huet Merci gesot fir d’Invitatioun.

Als éischt Fra un der Presidentschaft vun der FUAL fillt si sech besonnesch gefuerdert.

Si hält drop fir bei d’Veräiner ze goe fir ze gesi wéi si ticken.

Si mécht en Opruff un all d’Veräiner fir sech anzebréngen, fir present ze sinn.

D’FUAL ass kee Service- Club.

Den Daniel Schuster ass jo Member an der FUAL, hie soll de Link vum Veräin zur Federatioun sinn.

Wat d’Publizéiere vun Artikelen an der Beienzeitung betrëfft, esou ass Si kee Frënd vun Zensur, jidderee soll sech selwer seng Meenung bilde kënnen.

 

„de Bock zum Gäertner maachen“

Et gëtt dat Spréchwuert „de Bock zum Gäertner maachen“, dat seet een z.B. wann een de Geessebock an de Gaart stellt, fir d’Zalot virun de Schleeken ze
hidden.

Am „Luxemburger Wörterbuch“ steet als Erklärung fir dat Spréchwuert: „er hat seine Angelegenheiten den schlimmsten Händen anvertraut“.

De Beiemann war ee vun de Pionéier a Saachen Ëmweltschutz.

Géint déi éischt katastrophal Sprëtzmëttel stoung hien zimmlech eleng do un der Front.

Haut ass d’Bedroung vill méi raffinéiert a villsäiteg ginn.

Ech perséinlech z.B. hale Beien souzesoen als Alibi fir Ëmweltschutz kënnen ze bedreiwen.

D’Beie si fir mech eng Aart Barometer vum Zoustand vun der Ëmwelt dobaussen.

Haut dréint sech jo alles ëm d’Geld an doduerch huet d‘Beienzuucht, (d.h. d’Hunnegproduktioun), nach eng gewëssen Dosinnsberechtegung, e minimaalt Matsproocherecht.

Wat d’Bestëbserleeschtung ubelaangt, esou gëtt déi op d’Bestëbsung vum Raps reduzéiert.

An dësem Kontext wéilt ech un de Sproch vum Carlo Hemmer erënneren, „la valeur de l’inestimable“, esou en Service wéi d‘Bestëbsung kann een net quantifizéieren.

Mir kënne jo mol e Bléck bei d’Chinese werfen, fir ze gesi wéi et ouni Insekten ausgesäit.

D’Beien, d’Insekten am Allgemenge profitéiere vun der Natur ouni hir ze schueden.

Komme mer zréck zu eisem Spréchwuert„de Bock zum Gäertner maachen“.

Momentan ass eis Gesellschaft am Gaangen dee Spiiss do ëmzedréinen a mécht doraus „de Gäertner zum Bock maachen“.

Mech iwwerkënnt en ongutt Gefill bei den Diskussiounen op d’Beien an engem Natura 2000 – Gebitt nach toleréiert solle ginn oder net!

Dat soll awer net heeschen, datt mir äis do als allwëssend wéilten dohinner stellen.

Dat Bestriewen de Beiemann als Schëllege vum Biodiversitéitsverloscht wëllen duerzestelle passt natierlech der chemescher Industrie perfekt an de Krom.

Ass do Lobbyaarbecht vu ganz uewe mat am Spill?

Deslescht stoung an der Zeitung an enger grousser Iwwerschrëft „750 Millionen für den Umweltschutz“.

Ech hu mech gefrot ob an deem Betrag och déi ganz Maschinerie abegraff ass, déi vum Stat, a vun de Gemenge gebraucht gëtt, fir laanscht Weeër an d’Stroossen ze botzen an ze schneiden.

Eis Landschaft gläicht engem groussen Naturpark, woubäi an deem Wuert d’ „Natur“ ewech fält.

Alles un den Hecken, wat dat lescht Joer gewuess ass, wat elo Bléien a Friichte géif droe, gouf fei raséiert, Diversitéit ade.

Hei muss onbedéngt en Ëmdenke kommen.

Datselwecht gëllt fir de Wuess um Buedem.

Hei gëtt net nëmmen de Sécherheetssträif direkt laanscht d’Strooss geméint, mee ganz Hiwwele meterwäit erop.

Besonnesch desolat ass dat fir d’Beien, wann dat dann och nach zegmol an enger Saison geschitt, datt jo nëmme keng Blumm zum Bléie kënnt.

Spéit am Joer gëtt dann nach emol alles op Vordermann bruecht, datt jo nëmme keng Schauteng bleift, keen Hallem wou e Villchen e Grassom kéint fanne fir ze iwwerliewen.

Dat „diert Geméch“ ass d’Kannerstuff vun eisen Insekten, mee alles fort.

Als Beispill, ech hu bei mir am Wuess eng Plaz, déi bis spéit an de Summer net geméint gëtt.

Wéi se dann du geméint gouf, huet deen anere Mueren e gréisseren Trapp Spréiwen sech do de Gudden ugedoen, en Zeechen, datt do e sëlleche Liewen dra war.

Op de grousse landwirtschaftleche Fläche gesäit et änlech aus, wat bleift si gréng Wüüsten.

Mat e puer Insektenhoteller ass et net gedoen.

An Zäite vun Energieknappheet wier elo eng Geleeënheet gewiescht fir manner ze schneiden, manner ze botzen, jee ze diversifiéieren.

Meeschtens gëtt ëmmer méi verlaangt, hei wënsche mir äis manner!

Francis Filbig
© Michel Collette

 

Duerno huet de Jean-Jacques Mertzig vu Mamer äis e Virtrag gehalen mam Titel:

« De Fibonacci, d’Natur an d’Konscht - Mathematik begéint der realer Welt ».

A sengem Virtrag huet de Riedner probéiert fir eng Bréck ze schloen tëschent de Fibonacci-Zuelen, der Fibonacci-Spiral, dem gëllene Schnëtt an den Naturwëssenschafte souwéi der Konscht.

Ausserdeem sollt d’Zil vum Virtrag sinn, den Auditeuren eng gewësse Virstellung ze ginn, wéi déi alldeeglech Welt sech an der Mathematik vum Fibonacci erëmspigelt .

Illustréiert gouf de Virtrag un Hand vu Beispiller aus der mikroskopescher wéi aus der makroskopescher Welt.

De Stammbam vun den Beien ass erkläert ginn grad wéi verschidde geometresch Formen aus der Botanik, der Astronomie an der Konscht.

Ofgeschloss gouf den Virtrag mat e puer méi déifsënnegen Iwwerleeunge betreffend d’Positioun an d’Roll vum Mënsch am Universum.

Dem Jacques nach emol en häerzleche Merci fir seng flott Initiativ an e spezielle Merci fir de klenge Resumé.

© Jean-Jacques Mertzig

sonneblummGeometrie vu Sonneblummekären
21/13 = 1,616 = 0,5 (1+ (5) 1/2  ) = gëllene Schnëtt