Beiekurs
Léif Beieleit, léif Beiefrënn,
Mir treffen äis Samschdes, de 15. Juni 2019 vu 14:00 Auer uns
zu Mäerzeg um Beiestand vum Michel Collette (net wéi ugekënnegt de 25.05)
Programm:
- E Beiestand als Biotop, wat lieft alles do a Symbios mat de Beien?
- Wat kënne mer alles um Fluchbriet feststellen?
- Beobachtungsvollek an Top-bar-hive
- Wéi vermeeren ech vun de beschte Vëlker?
- Beievollek an engem Beiekuerf aus Stréi
- De Michel féiert äis duerch säi Beiestand a säi Bongert, dat eleng ass scho kuckeswäert!
Als Ofschloss gëtt et eng kleng Stäerkung.
Umeldung erwënscht
Michel Collette Tel.: 83 85 88 oder E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Mir verlousen 10 Kinniginnen ënnert all deene Beieleit, déi do sinn.
D’Kinniginne kann een da beim Schuster Daniel
(no Récksprooch, Tel.: 691 835 227 / E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!) ofhuelen. Bonne Chance!
Mir hunn och eng Internetsäit www.apisredange.lu opgestallt vum Här Eddy Brix.
Dorops wollte mir eng Lëscht mat deene Beieleit publizéieren, déi Hunneg ze verkafen hunn.
Wëll Dir soss eppes verkafen oder sicht Dir eppes, wat mat Beien ze dinn huet, esou ass dat eng Geleeënheet fir Reklamm ze maachen.
Mellt Iech also beim Francis Filbig
Tel.: 23 630 474 oder per Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! Et ass gratis!
Hei derbäi nach e Plang:

Vu Mäerzeg aus huelt Dir bei der Kapell den CR 345 / rue de Colmarberg.
Vun do aus sinn et nach ronn 2 km bis bei de Bongert op der rietser Säit, hannert enger Heck vun 200 m.
Op dëser Plaz geet et zimlech biergop.
De Flouerdeel gëtt bezeechent mat „bei Useldinger Büsch“.
Et läit ower virum Bësch!
Bonne Route!
Dir sidd häerzlechst agelueden
De Comité
Powered by iCagenda