Generalversammlung Cercle apicole Redange-Attert

Kategorie
Generalversammlung
Datum
2019-03-08 19:00 - 23:00
Veranstaltungsort
Millen zu Beckerich - 103 Huewelerstrooss
8521 Biekerech, Luxembourg
Anhang

Mir invitéieren heimat

all Beieleit a Beiefrënn

op eis

Generalversammlung

e Freiden, den 08. Mäerz 2019

ëm 19:00 Auer

zu Biekerech an der Millen (1. Stack)

103, Huewelerstrooss

    

Programm:

 

 

- Usprooch vum President, dem Här Michel COLLETTE

- Rapport vum Caissier, dem Här Paul CLAUDE

- Rapport vun de Caisse-Kontrolleren

- Aktivitéitsrapport vum Sekretär

 

-Walen: Turnusméisseg op der Austrëttslëscht an erëm wielbar sinn am Comité: Michel COLLETTE, Paul CLAUDE, René TOUSSAINT an am Opsiichtsrot: Nico SCHOTT a Jos WELSCHER. Ower och nei a jonk Gesiichter sinn häerzlech wëllkomm. Mellt Iech bis virun der Versammlung.

 

- E Virtrag vum Beieberoder Andreas Reichart zum Thema:

Wéi kann de Beiemann (-fra) d’Ofwierkräfte vum Beievollek stäerken?

Selektioun, Botzdriff, eng Bei, déi dem Standuert ugepasst ass, ...

 

- de Michel Collette schwätzt äis aus der Praxis: Bauen, Zellstellung, Gréisst vun den Zellen, 5,4 mm oder 5.1 mm ? ...

 

- E puer Biller iwwert Colmar am Liicht vum Joreswiessel.

 

- Fräi Aussprooch

     

D’Cotisatioun fir 2019 beleeft sech op 50 €

(Haftpflichtversécherung mat Beienzeitung)

Fir d’Éieremembere mécht d’Cotisatioun 10 aus.

Am beschten Dir iwwerweist Är Cotisatioun op eise Postscheck

( IBAN LU71 1111 0276 9550 0000 )

oder Dir kënnt och direkt an der Versammlung bezuelen.

Mir soen Iech elo schonns villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

 
 

Powered by iCagenda