Treffen zu Nojem beim Denise a Jos Welscher

Kategorie
Treffen
Datum
2018-06-02 14:00
Veranstaltungsort
34 Pullgaass
8544 Nojem, Luxembourg

Invitatioun

Léif Beieleit, léif Beiefrënn,

Mir treffen äis Samschdes, den 02. Juni 2018 vu 14:00 Auer uns zu Nojem beim Denise a Jos Welscher, 34, Pullgaass

 

Programm:
  • Wat kënne mer alles um Fluchbried feststellen?
  • Wéi vermeeren ech vun de beschte Vëlker?
  • Ëmlarven an Zelleschneiden
  • Verwäerte vu Schwaarmzellen

De Jos féiert äis duerch säi mustergültege Stand, dat eleng ass scho kuckeswäert!

 

Als Ofschloss gëtt et eng kleng Stäerkung vum Grill, dofir ass eng Umeldung erwënscht:
Michel Collette, Tel.: 83 85 88 oder E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

 

Mir verlousen 10 Kinniginnen ënnert all deene Beieleit, déi do sinn.
D’Kinniginne kann een da beim Schuster Daniel (no Récksprooch, Tel.: 691 835 227 / E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!) ofhuelen. Bonne Chance!

 

Neierdéngs hu mir och eng Internetsäit www.apisredange.lu opgestallt vum Här Eddy Brix.
Dorops wollte mir eng Lëscht mat deene Beieleit publizéieren, déi Hunneg ze verkafen hunn.
Wëll Dir soss eppes verkafen oder sicht Dir eppes, wat mat Beien ze dinn huet, esou ass dat eng Geleeënheet fir Reklamm ze maachen.
Mellt Iech also beim Francis Filbig, Tel.: 23 630 474 oder per E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Et ass gratis!

 

Dir sidd häerzlechst agelueden,

De Comité

 

 
 

Powered by iCagenda