Aweiung vum Beieléierpad

Den 3. Mee war et sou wäit,
Sou munchereen hat sech gehäit.

Du gouf ageweit de Beieléierpad
Ronderëm dat fréiert Millerad.

Den Thierry Lagoda konnt begréissen:
De Fernand Edgen, Landwirtschaftsminister, a Persoun,
Hien ass bestëmmt e Séissen.
De Camille Gira, Staatssekretär,
Als Matinitiator konnt hien dëst besonnesch genéissen.

De Gemengerot war gutt vertrueden,
Och d’Nopeschgemenge waren ugetrueden.

Ënnert der Féierung vum Michel Collette,
Hu mir entdeckt déi Panneauë ganz nett.

Bei „Art & Wise“ sinn si entstanen,
De Sandro huet bruecht e Meeschterwierk zustanen.

Allen hunn déi kleng Déieren et ugedoen,
D’Leit goufen net fäerdeg mat froen.

Dat klengt Vollek an der neier Këscht,
Fillt sech esou richteg op senger Mëscht.

Kee Wonner, gouf d’Këscht dach gemoolt ganz faarweg,
Vum Renée Fischer senge Schoulkanner, déi dorop ganz houfreg.

Den Tour gouf ofgeschloss mat engagéierte Rieden,
Siefe si fir d’Beien den Ufank vun neiem Liewen.