To bee or not to bee - Bienenlehrpfad

“To bee or not to bee”?

Naturpädagogesch Infotafelen iwert d’Beievollek.

bienenlehrpfad petit 

De Mënsch an d’Bei liewen zënter Jordausenden zesummen, (elo awer get et ëmmer manner Beien) elo awer stierft d’Bei. Am leschte Wanter sinn am Duerchschnëtt 30% vun de Beievëlker agaangen, plazeweis iwwer d’Halschent.

Wat sinn d’Ursaachen? (Et ginn vill Ursaachen!) Als eng vu villen Ursaache gëtt de Parasit Varroa ugesinn, dobäi geet alles u bei de Verännerungen dobaussen an der Landschaft. Wa mir d’Bei an der Natur brauchen, bis zu 80% vun eise Kulturplanzen an och eise wëlle Planze sinn op Insektebestäubung ugewisen, esou brauch d’Bei och d‘Natur. Dat natierlecht Gläichgewiicht vu ginn a kréien ass ower eesäiteg vum Mënsch gekënnegt ginn, haut zielt nëmme méi kréien. (Och d’Beienhalter sinn gefuerdert bei der Betreiung vun de Beievëlker emzedenken an d’Beievollek als ganzen Organismus ze respekteieren)

Neierdéngs gëtt Reklamm gemeet, fir erëm Beien an der Stad anzeféieren. Et kléngt schonn iergendwéi tragikomesch, wann d’Stad elo méi attraktiv soll sinn ewéi eis oppe Landschaft! Sinn d‘Beien an der Stad  méi sécher ewéi um Land?

Eisen Ëmweltbarometer „Bei“, steet op rout. Fir dat faszinant Déier besser kennen ze léieren a seng Plaz an der Natur erëm nei z’entdecken huet de Réidener Beieveräin zu Biekerech ronderëm de Milleweier e Beieléierpad opgestallt. Dat war nëmme méiglech mat der materieller a finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng Biekerech, hinnen dofir en häerzleche Merci. A Biller gëtt versicht dem Beievollek méi no ze kommen. D’Bei schafft fir äis ouni der Natur ze schueden, si notzt andeems se benotzt. Souwéi am Beievollek déi verschidde Glidder (Kinnigin, Drounen, Aarbechterinnen) ee vun deem aneren ofhängeg sinn, esou musse mir äis erëm bewosst ginn, datt mir mat der Natur eng Solidargemeinschaft bilden. Grouss a Kleng, Naturfrënn an och Beieleit, Dir alleguer sidd häerzlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen!

Eng geféiert Visite vum Beieléierpad kënn Dir ufroen op der Millen ënnert
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. / Tel. 691 510 372 (Fr) oder Tel. 691 510 370 (L/D/E)

D'Millen
103 Huewelerstrooss
L-8521 Beckerich

Synergie Cercle Apicole

 1 bienenlehrpfad

2 bienenlehrpfad

3 bienenlehrpfad

4 bienenlehrpfad

5 bienenlehrpfad

6 bienenlehrpfad

7 bienenlehrpfad

8 bienenlehrpfad

Download - Broschüre Bienlenlehrpfad