Den 09. Mäerz 2018 hu mir zu Biekerech an der Millen eis Generalversammlung ofgehalen. Eise President, den Här Michel Collette, konnt knapp 20 Beieleit a Beiefrënn begréissen. Dës Versammlung hat eigentlech schonn den 02. Mäerz solle sinn, war awer op de Stëppel wéinst dem schlechte Wieder verluecht ginn. De Michel huet alle Merci gesot fir hir Präsenz a fir hiren Asaz am Déngscht vun de Beien am vergaangene Joer. Et huet hie gefreet den Dr. Michael Eickermann als Vertrieder vun der FUAL kënnen ze begréissen. E grousse Merci geet un d‘Membere vum Comité, besonnesch un de Paul Claude als Caissier an un den Daniel Schuster fir d’Verdeelung vun de Beieplanzen an de Varroamëttelen. En häerzleche Merci geet och un de Jos Welscher, datt hien äis all Joer fir een Nomëtten op sengem Beiestand empfängt. D’Beieverloschter sinn nach ëmmer en Thema. Esou hat de Michel zu Mäerzeg, am Beiebam vun der Gemeng an zu Huelmes eng Këscht wou a kuerzer Zäit am Dezember all Beien 6 -8 cm doudeg Beien um Buedem louchen. D’Veterinärverwaltung huet net reagéiert an de Beieberoder huet op d’Varroa getippt.!! Hen muss awer firaus froen wat hen machen duerf !! Et wier un der Zäit mat Pollenanalysen an Wuesanalysen och emol no aner méiglechen Ursaachen ze sichen. Wirwat verléieren ons Beien emmer mei d’Orienteierung ?Well et ass nit normal dat kruzfristeg all Beien um Buedem leien an nach vill an genug Fudder an de Waben ass.
Eise Caissier, den Här Paul Claude, huet e Budget mat engem liichten Iwwerschoss presentéiert. Wann een awer matarechent, datt d’Rechnung vun de Varroamëttele vun 2017 eréischt ufanks 2018 bezuelt ginn ass, dann ass en éischter negativ. Der Réidener Gemeng e léiwe Merci fir hire substantielle Subside. Den Här Nico Schott huet am Numm vum Opsiichtsrot déi korrekt Féierung vun de Bicher ënnerstrach an huet d’Versammlung gebieden dem Caissier Entlaaschtung ze ginn.
2017 hate mir 2 Comitésversammlungen. D’Generalversammlung gouf den 03. Mäerz zu Biekerech an der Millen ofgehale mam Beieberoder Andreas Reichart als Riedner. Dat traditionellt Iessen hate mir den 8. Abrëll an der Biekerecher Mille mat 17 Leit. Den 10. Juni hate mir Rendez-vous zu Nojem beim Denise a Jos Welscher um Beiestand. Hei goufen 10 Kinniginne verloust, déi vum Daniel Schuster gezillt goufen, dat op d‘Käschte vum Veräin. Och dëst Joer wëlle mir dës Aktioun widderhuelen. Vum 13.-16. Juli konnte 14 Leit aus eisem Veräin um Ausfluch an de Schwarzwald deelhuelen, deen de Michel Collette zesumme mat der „Amicale vun der Carnica“ organiséiert hat. Momentan zielt eise Veräin 50 Memberen an 10 Éierememberen.
Eise President huet äis dunn en etlech Biller zu dem Ausfluch an de Schwarzwald gewisen. Haaptthema vu sengen Ausféierunge war awer d’Zuucht an der Dräiraumkëscht mat zéng, siwen an zéng Waben. D’Mooss vun de Wabe spillt keng Roll. Déi dräi Raim sinn duerch eng Wand mat engem Ofsperrgitter getrennt. Gëtt geziicht, da ginn d’Ofsperrgitter mat enger dënner Plack ofgedicht, wat iwwregens och am Wanter de Fall ass well am Wanter drei Völker an der Kescht sin. Am Fréijoer get d’Kinigin am mettlere Raum eraus gehol. No 9 Deeg ass am mëttlere Raum d‘Brut all verdeckelt an dann gëtt dann den Zuuchtstoff als Eistreifen agehaangen. Sinn d’Zelle bis ugezunn, da soll offe Brutt bäigehaange ginn, fir datt d’Varroa d’Kinniginnenzellen net befält. Gleichzeiteg get d’Offsperrgitter opgemeht. Genee esou wichteg wéi den Zuuchtstoff sinn och Drounen. Et heescht also net alles ewech schneiden am Kader vun der Varroabekämpfung. D’Drounen sin en ganz wichtegen Deel bei der Begattung vun de Kiniginnen, den vill ze oft vernoléissegt get.
De Michael Eickermann ass kuerzfristeg als Vertrieder vum Landesverband agesprongen. Als Redakter vun der Beienzeitung mécht hien en Appell un d’Beileit, fir méi lokal Noriichte kënnen ze publizéieren, et muss net ëmmer vun Iwwerséi kommen. Fir hie sinn d’Kantonalveräiner d‘Häerz vun de Beieleit. Zu de Schutzzone vun der Faulbrutt huet hie bemierkt, datt déi esou laang bestoe bleiwen, bis Entwarnung vun der Veterinärverwaltung kënnt. Neierdéngs gi Käertercher mat den Donnéeë vum Beiemann verschéckt fir déi verschidde Beiestänn ze markéieren. Si sollen och dofir gebraucht ginn. Et ass och wichteg fir seng Beien unzemellen. Dann huet hien un de Kongress deutschsprachiger Imker zu Amriswil erënnert, dee vum 27.-29. September an der Schwäiz ofgehale gëtt, jiddwereen ass wëllkomm. Fir d’Verdeelung vun de Behandlungsmëttele géint d’Varroa ze garantéieren, gëtt dëst Joer de Stéchdatum strikt agehalen, also net vergiessen! Zum Schluss huet hien allen e gutt Zuuchtjoer a gefëllten Hunnegkiwwele gewënscht.
An der fräier Aussprooch war deen ëmmer méi grousse Pollemangel an Bléienmangel an der Natur en Thema. Dat geet op d’Käschte vun der Vitalitéit vun de Beien. Wann ee jo bedenkt, datt d’Bettseechesch als Onkraut klasséiert gëtt an am Fréijoer ofgesprëtzt gëtt! Mëttelwänn soll een onbedéngt aus eegenem Wuess hierstelle loossen, de Wuess vergësst näischt. D’Beieleit kënne jo eng Ënnerstëtzung ufroe fir Investissementer iwwer 5000 €, verdeelt op 5 Joer. Dëse Plafong schéngt awer fir Ufänger nach zimlech utopesch ze sinn. Da war d’Fro gestallt ginn, op et an Natura 2000-Gebidder verbuede wier, fir Beien opzestellen? Dat léich jo voll am Trend: Hei Landwirtschaft, do Naturschutz, wouhi mat de Beien?
Den Ofschloss vun der Versammlung hunn e puer Biller aus dem Oste vu Kanada gemeet, mat ënner anerem de bekannten Niagarafäll.