Beieveräin Kanton Réiden
Iwwert d’Grënnung vum Veräin gëtt et verschidde Versiounen. Schonn 1883 gouf et am spéiden Hierscht zu Eschduerf eng gutt besichte Versammlung vu Beieleit, déi awer anscheinend nach net zur Grënnung vun engem Veräin gefouert huet.
Op Initiativ vun den Häre Claren vu Wolwen a Kunnen vun Ettelbréck war den 12. Abrëll 1885 eng Versammlung am Café Marnach zu Rammerich mat ronn 40 Beieleit. Nom Virtrag vum Här Kunnen ass e Veräin an d’Liewe geruff ginn. Eng nächst Versammlung sollt den 10. Mee 1885 zu Holtz ofgehale ginn. An engem Bericht vun dëser Versammlung, deen awer vum 17. Mee 1985 schwätzt, gouf de Beitrag fir en halleft Joer bezuelt, 20 Membere ware present, 5 nei Membere goufen opgeholl. Duerno ass ower kee Liewenszeeche méi vun dësem Veräin Holtz resp. Marnach ze fannen. (Beienzeitung 1974 s. 194)
Op Wonsch vum Här Traufler vu Räichel huet den Här Kellen am „Bienenblatt“ eng Versammlung fir den 19. Abrëll 1885 zu Näerden ugekënnegt. De Comité, deen de 25. Mee 1885 am Café Traufler zu Räichel gewielt gouf, huet sech esou zesummegesat:
|
President: |
Nik. Liez (+19.01.1890) Apdikter |
Réiden |
|
Vizepresident: |
Fr. Salentiny |
Näerden |
|
Sekretär: |
Pierre Weis, Schoulmeeschter |
Useldeng |
|
Caissier: |
N. Traufler |
Räichel |
Am éischte Comité vum Landesverband, deen de 24. Januar 1886 an d’Liewe geruff gouf, war den Här Liez Caissier.
D’Statute vum Veräin sinn eréischt den 21. Mäerz 1886 an enger Versammlung zu Réiden ugeholl ginn. An dëser Versammlung gouf den éischte Comité bestätegt.
Den N. Liez war et och deen 1888 de „Luxemburger Mobilstock“ entwéckelt huet. Dëse war mat engem Blechmantel ëmginn, an deen ee konnt zwee Behälter mat kachendem Waasser asetzen. Esou ass probéiert ginn de Beiestack opzehëtzen. Den N. Liez war der Meenung, datt een duerch d‘Opwiermen d’Entwécklung vum Beievollek am Fréijoer kéint beschleunegen, esou wéi dat och mat de Planzen an der Zär geschitt. D’Resultat vun dëser Erfindung war awer nit dat an esou ass si, ewéi vill anerer och, geschwënn a Vergiessenheet geroden.
1897 ass zu Iewerleng de Paschtouer J.N. Majerus gestuerwen. Zu Liefzäiten huet hien tëschent 80 an 100 Beienhäipe betreit an ass mat deenen och nach an d’Éislek gewandert. D’Beie ware fir hien also nit nëmmen en Hobby, mee ganz einfach e Mëttel fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
D’Beschafe vu Fudderzocker war an der Zäit net esou einfach ewéi haut. E gouf op eng Zentralplaz geliwwert an do gouf en da fir d‘Veräinsmemberen agepaakt. Esou huet et an enger Veräinsmatdeelung net geheescht „bréngt Geld a Kierf mat!“ mee „Säcke und Geld sind unverzüglich an Herrn Schaul in Redingen zu senden.
D’Veräinsversammlunge goufen ufanks haaptsächlech an deenen Uertschaften organiséiert, déi mam Zuch z’erreeche waren. A Fro koumen Näerden, Räichel an Useldeng. Wéinst der feelender Mobilitéit huet de Veräin sech ufanks och net iwwert de ganze Kanton erstreckt. Esou bestoung kuerz Zäit zu Groussbus en „Zweigveräin“.
Fir d’Veräinsversammlunge méiglechst attraktiv ze gestalten, sinn allerhand Artikele vu prakteschem Beiematerial verloust ginn, jo souguer ganz Beievëlker. Dat war eng kleng Entschiedegung fir muench laangen a beschwéierleche Wee zu Fouss. Esou gëtt nach 1940 e Beiemann vu Bondorf ernimmt, deen zu Fouss op Nidderpallen an eng Versammlung koum. Den Här Victor Mathias, Joergank 1904, Schouster zu Ueschdref, ass nach 1986 mam Quickly op Näerden an d’Comitésversammlunge komm.
Esou muench Beiemann ass net nëmmen al ginn, mee war och laange Joren am Veräin aktiv. De Joseph Lallemang (Schneider) vu Räichel z.B. war Delegéierte beim Landesverband vun 1917-1957. Hien hat schonn 1922 e schicke Beiepavillon mat 20 Albertikëschten.
Presidente vun 1885 - 2019
|
1885-1889 |
Nik Liez (+19.01.1890), Apdikter |
Réiden |
|
1890-1891 |
Fr. Salentiny |
Näerden |
|
1892-1913 |
Fr. Mergen, Apdikter |
Réiden |
|
1914-1921 |
Nik. Peters, Postperzepter |
Réiden |
|
1922-1938 |
Aloyse Mergen, Apdikter |
Réiden |
|
1939-1964 |
Pierre Kalmes, Eisebunner |
Nidderpallen |
|
1965-1972 |
Robert Marx (+17.05.1979), Agronom |
Nidderpallen |
|
1973-1975 |
Eugène Feitler |
Sëll |
|
1975-2010 |
Gaston Fohl, Fierschter |
Schweech |
|
2011- … |
Michel Collette |
Mäerzeg |
Sekretären
|
1885-1916 |
Pierre Weis (Schoulmeeschter) |
Useldeng |
|
1917-1923 |
H. Linden |
|
|
1924-1926 |
P. Hollerich |
Ell |
|
1927 |
Aloys Schaul |
Réiden |
|
1939-1956 |
Johann Delagardelle (Eisebunner) |
Näerden |
|
1957-1977 |
Etienne Winandy |
Groussbus |
|
1978- … |
Francis Filbig |
Huewel |
Caissieren
|
1885-1890 |
N. Traufler |
Räichel |
|
1890-1891 |
Schleich |
Huewel |
|
1891-1902 |
Peters (Postbeamten) |
Réiden |
|
1902-1903 |
Guillaume Gaul |
Réiden |
|
1904-1910 |
Prosper Strauß (Auermécher) |
Réiden |
|
1911-1922 |
N. Schmitz (Steiereinnehmer) |
Réiden |
|
1922-1956 |
Karl Wirth |
Réiden |
|
1957-1967 |
Mathias Esser (+octobre 1990) |
Réiden |
|
1968-1971 |
Eugène Feitler |
Sëll |
|
1972-1978 |
Jean Bock (+1978) |
Nidderpallen |
|
1978-1986 |
Eugène Feitler |
Sëll |
|
1987-2010 |
Denise Welscher-Schneider |
Nojem |
|
2010-2012 |
Camille Frising (+06.08.2014) Fierschter |
Proz |
|
2013- … |
Paul Claude |
Wolwen |
Beienzeitung 1975 Säit 116: Ënnert dem Titel „Rückläufige Entwicklung der Bienenzucht“ publizéiert den deemolege Sekretär Etienne Winandy eng interessant Opstellung zu de Beruffer an dem Alter vun de Beieleit am Kanton Réiden.
|
|
1955 |
1975 |
|
1955 |
1975 |
|
Imkerinnen |
6 |
5 |
20-30 Joer al |
5 |
2 |
|
Pfarrer |
1 |
2 |
30-40 Joer al |
11 |
5 |
|
Lehrer |
1 |
1 |
40-50 Joer al |
37 |
15 |
|
Landwirte |
56 |
19 |
50-60 Joer al |
42 |
22 |
|
Arbeiter |
31 |
13 |
60-70 Joer al |
31 |
37 |
|
Handwerker |
22 |
4 |
70-80 Joer al |
27 |
16 |
|
Beamte |
14 |
9 |
80-90 Joer al |
14 |
12 |
|
Privatbeamte |
5 |
3 |
|||
|
Pensionierte |
19 |
49 |
|||
|
Sonstige |
12 |
4 |
|||
|
Beieleit / Total: |
167 |
109 |
Beievëlker / Total: |
1345 |
1034 |
Et fält op, datt d’Zuel vun de Veräinsmemberen all Kéier um Enn vun den zwee Weltkricher staark an d’Luucht gaangen ass. Dat hat wuel zwou Haaptursaachen: D’Liewensmëttel ware knapp an esou hunn d’Beien eng zousätzlech Nahrungsquell duergestallt, besonnesch wat de Séissstoff Hunneg ugeet. Da waren déi meescht Veräiner am Krich verbueden oder hir Aktivitéite ware staark ageschränkt. De Beieveräin als landwirtschaftlech Genossenschaft war dovunner wuel net esou betraff an huet et erméiglecht dach nach zesummen ze kommen.
Dës Zuele vun ageschriwwene Veräinsmemberen entspriechen awer net ganz der Zuel vun de Beieleit am Kanton. En etlech Beienziichter ware guer net federéiert, anerer waren a Veräiner vun de Nopeschkantone gemellt, wat och ëmgedréint de Fall war. Da gouf et och eng Rei Sympathisanten, déi zwar d’Beienzeitung kruten, déi awer iwwerhaapt keng Beien haten.
Nom leschte Krich, wéi d’Memberszuel bei ronn 170 louch, derbäi koumen nach 50 a méi Éierememberen, du war esou Muenches lass am Veräin. Et goufen zwou grouss Versammlungen ofgehalen, eng am Fréijoer an eng am Hierscht. Ee gréisseren Ausfluch vun e puer Deeg stoung um Programm, wou alt mat zwéi Busse gefuer gouf fir d’Leit all ze packen, da koum am Hierscht nach en Dagesausfluch derbäi. Hautdesdaags reesen d’Leit léiwer privat op eege Fauscht. Fuessonnde gouf e Familljenowend mat Bal organiséiert, laange Joren zu Nidderpallen am Café Zigrand, duerno zu Osper am Café Karger.
De Beiendag gouf vum Veräin organiséiert an de Joren 1971 zu Réiden, 1983 zu Réiden, 1997 am Préizerdaul, an 2010 zu Biekerech op der Millen.
En Héichpunkt an eiser Veräinsgeschicht war d’Aweiung vum Beieléierpad op der Biekerech Millen den 03.05.2014. De Camille Gira hat als Buergermeeschter vun der Biekerecher Gemeng de Grondstee geluecht fir dëse Beientour an als Staatssekretär konnt hien dësen zesumme mam Landwirtschaftsminister Fernand Edgen aweien. Leider huet de Camille äis am Mee 2018 verlooss, mee hie lieft a senge ville Wierker weider, dorënner de Beientour.
|
Eng geféiert Visite vum Beieléierpad zu Biekerech kënnt Dir ufroen op der Millen ënnert Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! / Tel. 691 510 370 / www.dmillen.lu |
Den aktuelle Comité setzt sech esou zesummen:
President: Collette Michel
Vize-President: Steffan Van der Pal
Caissier: Paul Claude
Sekretär: Francis Filbig
Memberen: René Toussaint - Daniel Schuster
Opsiichtsrot:
President: Nicolas Schweicher
Memberen: Nico Schott - Jos Welscher